Präisser
Foto-Shooting dobaussen an der Natur – Familjefotoen, Koppelsfotoen, Schwangerschaftsfotoen, Kannerfotoen, Baby’en (ab +/- 6 Meint), am Präis abegraff sin 15 Fotoen digital: 375 Euro
* * *
Foto-Shooting dobannen am Studio – Familjefotoen, Schwangerschaftsfotoen, Kannerfotoen, Baby’en), am Präis abegraff sin 15 Fotoen digital: 375 Euro
* * *
Präiss fier eng Séance dobannen an dobaussen, am Präis abegraff sin 20 Fotoen digital: 475 Euro
* * *
Kommioun (Fotoen dobaussen oder am Studio):
15 Fotoen digital : 375 Euro
Remerciement = 40 Euro de Layout + Praiss vum Remerciement
* * *
Präiss fir Newborn Fotoen, mat Fotoen vun deem neigebuerenen Bebe bis 10 Deeg (maximal 14 Deeg), am Präis abegraff sin 15 Fotoen digital (den Newborn-Präiss gëtt bis de Baby 3 Meint aal as gerechent): 450 Euro
* * *
Präiss fir TWINS-Newborn Fotoen, mat Fotoen vun deenen 2 neigebuerenen Bebe’en bis 10 Deeg (maximal 14 Deeg) zesummen an eenzel, am Präis abegraff sin 15 Fotoen digital (den Newborn-Präiss gëtt bis d’Bebe’en 3 Meint aal sin gerechent): 500 Euro
* * *
Präiss fir Schwangerschafts-Shooting + Newborn Fotoen, mat Fotoen vun deem neigebuerenen Bebe bis 10 Deeg (maximal 14 Deeg), am Präis abegraff sin 30 Fotoen digital: 775 Euro
* * *
Präiss fir eng Schwangerschaftsserie (Detailer heizou fannt der bei mengen Schwangerschaftsfotoen), mat Fotoen ab dem 3-4 Mount vun der Schwangerschaft, eng Fotoséance am 8-9 Mount vun der Schwangerschaft an no der Schwangerschaft eng Fotosséance mat deem klenge Butz (d’Fotoen digital): 1000 Euro
* * *
Präiss fir eng Serie Newborn – 1 Joer (eng Beispill-Foto gesidd der ennert der Rubrik „Baby“) , mat Fotoen vun Aerem Bébé all Mount, bis en 1 Joer aal as, eng Fotoséance am Ufank an eng mei speit vun deem klenge Butz (d’Fotoen digitial): 1100 Euro
* * *
Smash-Cake Shooting: Do maache mer dann fierteicht puer „normal“ Fotoen. An duerno dann mam Kuch an zum Schluss geet d’Kand dann nach an d’Biitchen mat Waasser. (20 Fotoen digital): 450 Euro
* * *
Styling: Make-Up vum Céline: 110 Euro
Make-up & Hoerstyling: 150 Euro (+16€ Forfait fir d’Ufaart)
De Styling gëtt vum https://www.beautybyceline.com gemaach. Dier misst dann eng Stonn virum Shooting bei mech an de Studio kommen, wou der dann no ärem Wonsch geschminkt a gestylt gitt.
* * *
Präisser fir Entwécklungen, Arummen, op Toile gedréckt, hannert Plexiglas,…: je no Gréisst… en ongeféiren Präis soen ech Iech iert der Iech fir eppes entscheed, en detailléierten Devis kritt der wann der Iech fir eppes entscheed hutt. (kuckt ënnert der Rubrik „Produkter“ fir Beispiller)
* * *
Remerciement: Tëscht 0,50 Euro an 5 Euro pro Remerciement (mat oder ouni Enveloppe). Dat hänkt vun der Gréisst of. 40 Euro froen ech fir de Layout. – Beispiller fier ze weisen hun ech a mengem Studio. (kuckt och ënnert der Rubrik „Produkter“ fir Beispiller)
* * *
Fotobuch: Dier kennt bei mier e Fotobuch maachen lossen. D’Fotoen vum Shooting gin all dragemaach. Haarden Deckel an deck Saiten. Ech hun Bicher bei mier am Studio leien, dei der Iech kennt ukuken. (kuckt och ënnert der Rubrik „Produkter“ fir Beispiller)
* * *
Pro Foto die der zousätzlich wellt verschafft hun kascht 10 Euro / d’Foto.
Déi Fotoen déi der nit erausgewielt hutt, kennt der fir een Oppräis vun 300 Euro ouni Retouche dobäi kréien. Just eng kleng Basic-retouche vum Hannergrond (Studio) oder vun der Farbgebung (Outdoor) gëtt gemaach.
* * *
D’Praisser sin all TVA inclus.
(Update vun de Praisser: 22.12.2022 – rdv’en die fierun desem Datum festgeluecht goufen, bleiwen bei deem aalen Praiss)