Iwwert mech

Foto: Jeniska Photography

Mäin Numm ass Caroline Risch-Roemen. Ech sinn 1980 gebuer, sinn Mamm vun 3 Kanner an hu mer am Joer 2011 e Fotostudio doheem ageriicht.
Vun 10ème bis 13ème war ech am Lycée Technique des Arts et Métiers op der Konschtsektioun an hunn do meng Passioun fir d’Fotografie entdeckt. Ënnert der Leedung vun verschiddenen Fotosproffen an no engem flotten a léierräichen Stage beim respektablen Naturfotograf Raymond Clement hunn ech villes bäigeléiert a mech ëmmer rëm verbessert.
No engem kuerzen Ofstiecher op der Fotosschoul zu Leck, hunn ech berufflech e ganz anere Wee ageschloen a sinn 2007 fiert eicht Mamm ginn. 2009, no der Gebuert vu mengem 2. Kand hunn ech mäin Beruff un den Nol gehong a sinn säit deem doheem, fir meng (mëttlerweil 3) Kanner grouss ze zeihen.
Als Ausgläich zu mengem Familjenalldaach hunn ech mech 2011 dozou entschloss bei mir doheem e Fotostudio anzeriichten. A säit deem gëtt flaissech fotograféiert.
Verschidden Hannergrënn stinn mer zur Verfügung fir flott Kanner-, Bébé-, Familjen-, Schwangerschaft- an soss Fotoen ze man. Och gäeren Dobaussen an der Natur.
Mat der richteger Beliichtung an an enger entspaanter Ambiance entstinn stëmmungsvoll Biller, déi Iech nach laang Freed bereeden wäerten 🙂