Eng Fotoséance?

Fir bei mir Fotoen ze maachen brauch der Iech just e Rendez-vous ze froen. Ech kann mer moies, mëttes, evtl. och engkeier owes an och Samschdesmoies Zäit huelen, sou wei et Iech am beschten geet.
Et ass gutt wann der Iech mindestens ee Mount am viraus ee rendez-vous frot, dann ass nach méi Méiglechkeet fir een Dag ze fannen wou et jidderengem passt.
Kommt eleng, mat Äre Kanner, bréngt den Hond mat oder soss ee Familljemember 🙂 Alles guer kee Problem.

 

NEIERDINGS hunn ech eng Make-Up Artistin déi Iech op Wonsch schminken kennt an och Hairstyle ubitt. Fir weider Detailer heizou kennt der gären bei mir nofroen. Hei de Link zu sengem Site, fir sech seng gutt Arbicht unzekucken: https://www.beautybyceline.com

 

Dann iwwerleet der Iech ob der d’Fotoen wëllt dobannen am Studio oder dobaussen an der Natur maachen (dat geet natierlich just wann d’Wieder matspillt).

Eng Sessioun dauert ongefeier eng Stonn… (et hängt vun der Zort vum Shooting of).

 

Nom Shooting maachen ech eng Pré-Selektioun vun deenen beschten Fotoen.
Déi Fotoen déi dann nach iwrich bleiwen (tëscht 100 an 200 Stéck) kritt der an engem Link iwwert E-Mail geschéckt. Iwwert dëse Link kennt dier dann déi Fotoen eraussichen déi Iech am beschten gefalen. No Ärer Selektioun beaarbechten ech déi vun Iech ausgewielten Fotoen. 
Dier kritt duerno di färdich verschafften Fotoen iwwert een Download-Link no 10-14 Deeg vu mer zougeschéckt..

 

Ech kann Iech och Entwécklungen ubidden, Fotoen arummen, op Toile drécken oder hannert Plexiglas maachen loossen. Ech hunn Beispiller bei mir, déi der Iech kennt ukucken iert der Iech fir eppes entscheet.
Och Remerciementen kann ech maachen. Gréisst an den Layout, ganz no Ärem Wonsch.
->kuckt och d’Beispiller hei ënnert der Rubrik „Produkter“

 

Ären Outfit:
Am beschten déi Leit déi op d’Foto kommen dinn sech unis un. Also an anere Wieder, kee Gezei dat vill gemustert ass, well déi Saachen sinn an enger Dozent Joren aus der Moud an op Ärer Foto fält Iech haaptsächlech deen almoudesche Pullover op deen der deemools ugedo hat 🙂
Wa méi Leit op d’Foto kommen, ass et och ëmmer schéin wann der Iech faarflech passend zoueneen unditt. T’muss awer och nit de Partnerlook sinn… mä ënnen eng Jeans an uewen wäiss… Affär de Goût… ech schwätzen do kengem dran.