Landschaftsfotoen
Leit déi mech kennen, wëssen dass ech immens gär spadséieren gin a vill Zäit mat mengem Hond dobaussen an der Natur verbréngen. Natierlich oft zesummen mat mengem Fotosapparat.
Ech wunnen hei an enger immens schéiner Géigend, nämlich beim Uewersauer Stauséi. An do verbréngen ech vill Fräizäit a maachen Fotoen an dëser flotter Géigend.Säit längerem denken ech doriwwer no fir ee Blog mat menge Landschaftsopnamen ze maachen an déi dann als Print ze verkafen. Dat ganzt ass nach komplett am Opbau.. ech muss meng Galerie onbedingt nach vergréisseren an ech géif ganz gär mat engem letzeboier Printer zesumme schaffen.. wei gesot.. t’ass alles nach am Opbau.. mee ech wollt awer elo einfach mol starten an meng 1. Fotoen mol weisen an ubidden.
De Moment ass meng Galerie nach zimlich kleng. Do kennt lo no an no nach villes dobäi.Bestellen kennt der d’Fotoen bei mir a ville verschiddenen Gréissten op ënnerschiddlechem Material (op Holz, Aludibond, Acrylglas, Foto mat Passepartout).
D’Präisser variéieren natierlich mat der Gréisst a mam Material. Gären kennt der do ganz onverbindlech en Devis froen.
Hei as de Link fir weider Landschaftsfotoen ze gesin:
https://carophotography.pic-time.com/zM6jv6FC2GjF8