Schwangerschaft
Eng Schwangerschaft as eppes ganz extraes an dofir soll een dëst Evenement och onbedéngt dokumentéieren. Fir dëst ze maachen kann een ab dem 4. Mount bei mech kommen a vun do un gëtt all Mount eng Foto gemaach, aus där selwechter Positioun, selwecht Beliichtung, selwechten Hannergrond. Den 9. Mount gëtt natierlech profitéiert fir eng länger Séance ze maachen an dee kugelronnen Bauch schéin an Szene ze setzen. Nodeems dee klengen Butz oder déi kleng Prinzessin dann op der Welt ass, waarden mer bëssen an da kommt der mat Aerem neien Aerdebierger fir seng 1. Fotosséance ze halen. Bei dëser Geleeënheet profitéiere mer fir déi läscht Foto vun der Schwangerschaftsserie ze man. Duerno ginn all déi "monatlech" Fotoen hannereneen gesaat an dier kritt ee schéine Pouster (just als Datei, nit als Drock!), bei deem een gesäit wei den Bauch all Mount gewuess ass an zu gudder läscht d'Kënnchen am Aarem gehal gëtt.